Skip to main content

Eisen Tour de dégommage 2023

 

Eng ronn 60 Equipagen hate sech zu fréier Stonn am PZR um Rouscht zesumme fonnt. Mat engem

attraktive Moies-Buffet huet desen Dag an enger flotter Atmosphär ugefaang.

Géint 10 Auer sinn dei eischt Autoen op den Depart gaang. Ganzer 160,8 Kilometer hat eise Roadmaster

Romain Hentgen an e flott Roadbook agepak. Och fir ennerwee koum keng Langweil op well de Rom

hat als Aufgab ginn fir e puer Biller / Fotoen ze fannen. Net jiddereen hat bei deser Challenge reusséiert (c)

 

Um 13 Auer sinn dei eischt nees am PZ ukomm an et konnt en all dei schei faarweg klassesch Porsche Modeller bewonneren. D' Equipe vum Traiteur VALK hat an der Teschenzäit de Showroom an e gemittlecheRestaurant emgewandelt.

Mat engem sympatheschen Apero mat Fingerfood huet eist Mettegiessen ugefaangen. De Buffet mat all senge Facetten huet jiddereen zefridde gestallt.

No der Präisverdeelung hunn da lues a lues eisMemberen sech nees op den Heemwee gemaach apünktlech um 17 Auer konnt den Andreas Schmittvum PZR seng Dieren nees zouspären.

E flotten Dag goung domadder zu Enn.

 

Grousse Merci un den PZR.

Merci och un eist Organisatiounsteam vum PCCL.

MO

Images par Steve Breier, Marc Olsem et Serge Wagener