Skip to main content

 

VERSAMMLUNG LOF – SNCA     28.04.2016

 

Vertrieder vun der SNCA: Mr Ruggia 

D LOF an d SNCA hun di lescht Zäit ganz gutt zesummegeschafft. D SNCA well gezielt mei clientsfrendlech ginn.

De neie Gesetzestext gellt vum 1.2.2016 un a baseiert sech op dee vum däitschen H-Kennzechen. Opgepasst: Dat ass awer kee copy-paste, ann et gi Saachen di an Däitschland unerkannt sin, an hei net. Een H-Kennzeechen ass keng Garantie fir den Auto hei als Oldtimer unerkannt ze kreien. En Auto, deen net als Oldtimer unerkannt gett, gelt als Occasiounsauto, deen dann all Joer an d Kontroll muss a fir deen een di normal Steiere muss bezuelen.

Bis elo ass bei der Steierverwaltung den Alter fir en Oldtimer nach bei 25 Joer. Dat kann awer änneren.

Entgeint deem wat gemunkelt gin ass, brauchen d Autoen, di bis elo als Oldtimer unerkannt waren, net nach emol an d Agreatioun. Sie behalen och de Statut vun Oldtimer, och wann sie en nom neie Gesetz net mei krieten.

Et kann een zu Sandweiler froen, fir op d gro Kaart den Zousaaz „vehicule historique“ ze kreien. Dat kascht awer 22 €. Dofir muss een net mam Auto dohin.

Als Alter vum Auto gellt „date premiere immatriculation“, egal wou dat war. En Auto mat Oldtimerstatut, deen exporteiert gett an durno eremm zreck an d Land kent, behält des Statut vum Oldtimer.

En Auto, deen nei am Land immatriculeiert gett, brauch eng Expertise. Di kritt ee beim TÜV oder bei ATEEL (zu Wecker) an zu Sandweiler.  Well di aner  Statioune manner Plaaz hunn, muss een dofir op Sandweiler. Sie hunn de Moment nach nemmen eng Equipe vun e pur Leit di esou Expertise maachen. Et dauert 1 bis 2 Stonnen. Durno brauch et awer 2 bis 3 Woche bis een deat schreftlecht Resultat dovu kritt. (Di Zäit gett awer an Zukunft mei kurz, wann sie mei Erfahrung hun an hir Equipe och mei grouss ass) Wann een direkt mam Auto well furen, da kann een gläich och SNCT maachen. Da gett den Auto allerdings nemmen als Occasiounsauto klasseiert. Wann dann d Resultat vun der Expertise do ass, da muss een nach emol bei d SNCT fir en als Oldtimer klasseiert ze kreien. Am anere Fall einfach op d Expertise waarden.

Fir als Oldtimer ugesinn ze ginn muss den Auto wa meiglech original sin wei en ausgeliwwert gouf. 

Modificatiounen, di innerhalb vu genau 12 Joer vun der date 1ere immatriculation un deem Autotyp meiglech waren, sin erlabt. Mei jonker net, ausser wann se d Secherhhet vum Auto verbesseren. Zousazlüfter a Scheiwebremsen sin dann ok. (awer kee fetten V8 an engem Käfer)

Et ass emmer gutt wann een mat Pabeieren, Artikelen, Bicher oder wat och emmer, ka beweisen dass et dat alles zu där Zäit op esou engem Auto gouf.

Wann een en Auto well umelden, dee keng Pabeieren huet, soll een eng „Unbedenklichkeitsbescheinigung“ ufroen. SNCA freet dei systematesch souwisou och emmer. Onbedengt d Rechnung weisen wou eenn den Auto kaaft huet a wou däitlech evirgeet, dass de Verkeefer och de Proprietär dovu war. Eng Copie vun der Rechnung wou deen den Auto kaaft haat, kann och net schueden. Net de Risiko laafe, fir en Auto unzemelden, wou et sech herno erausstellt, dass e geklaut gouf.

Bei der SNCA sin ausser dem Här Ruggia nach di Hären Roland Roob, Alain Determe an Nico Schmit fir d Oldtimer zoustänneg.