Skip to main content

Midsummertour vum 12. August 2023 vum Roost op Grass

 

No engem gemittlechen Zesummenkommen romdrëm Kaffi matt Breidercher an Croissants vum Oberweis,  alles offereiert  vum sympatheschen Porsche Zentrum Roost hat een nach genug Zeit fir die vill flott Autoen ze bewonneren, matt aalen Frënn an neien Bekannten die lescht Ideen an Norrichten auszetauschen. 

 

No der obligatorischer Ried vum Président, der Präsentatioun vum neien Direkter vun Porsche Lëtzebuerg, dem Haer Alfredo Cuglietta, huet den Rom sein Roadbook mad dem neideschen Witz erklärt, an dun sin mir pünktlech gestart.

 

Oh Rom, du kanns een awer emmer nees iwerraschen, an daat am positiven Sënn. Duerch dei vill Tîer dei mir duerch eist Ländchen machen, waren mir der Meenung mir geiffen sou lues alles kënnen. Awer nee, du beweis eis nees, dass et nach ëmmer nach nei flott We'er ze entdecken gëtt. An wat eng gutt Idee has de fir eis an d'Belge ze schëcken fir op Grass an den Restaurant Bestial ze komme, ganz nom Motto, alle Wege führen nach Rome. Hei gouff ett nach mei kleng flott Wee’er ze fuehren, Wee’er dei die meechten vun eis nach nie gefuehr sin. Sou schein Landschaften, Bëscher, kleng  schein Diefercher, wei gesoot, alles nei fir eis.

 

Den Fierdeel vun der Belge vis-à-vis vun Frankreich ass, dass do nett esou vill Gendametten op der Stross leien. Dat brauchen se eigentlich och nëtt well hier Strossen sin richtig holpereg. Esou spueren se 2 mol Geld, Gendametten an Reparaturen vun hieren Strossen. Ech war op jiddenfall frouh dass ech matt engem bequement Auto ënnerwee war.

 

Schued fir dei Leit dei mam Cabrio ënnerwee waren, dei konnten dëss Keier leider nett vun hierem flotten Auto richteg profiteiren, well en permanenten Wiessel vun Sonn an Reen  hun dest nëtt ermeiglecht.

 

De Restaurant  BESTIAL , deen de Marc an seng Equipe rausgesicht haten, war nees perfekt.  Genuch Parkplazen, flotten Buffet matt groussem Choix un Fleesch, Fësch an Beilagen, Zaloten bis Dessert, gudden Service, alles huet geklappt.

 

Nëtt nëmmen  dass mir all matt flotten Autoen enerwee sin, Freed an Plaiseier hun se ze fuehren, mee och entourei’ert sin vun leiwen Leit die eng Passioun deelen, esou mecht Porsche fuehren richteg Spass. Natiirlech duerf een och nëtt den Beifuehrer vegiessen, deen jo och eng wichteg Roll spillt.

 

Ganz groussen Merci un die ganz Equipe vum Comité dei ett ëmmer nees färdeg brëngen d'Memberen matt sou flotten Sortien ze verwinnen. Dat ass net selbsverständlech an do muss een schons weit sichen goen fir een Club ze fannen deen daat iewertreffen kann. BRAVO!

 

Och en groussen Merci un all Memberen dei dat flott an amusant Zesummensin ausmachen.

 

Diane an Yves Rommelfanger

 

Fotoen: Steve Breier, Nori a Serge Meyer