Skip to main content

.

After Weekend (16. Juli 2023)

Et ass scho sportlech lass gaangen fir jiddereen kënnen ze begréissen, 33 Autoe mat 62 wibbelege Piloten a nervöse Co-Pilote sinn fir den Depart op enger Längt vu bal 200 Meter an der Strooss opgestallt ginn, e Bild wat mir nach ni haten bei enger Sortie.


De Rom, onse Meeschter vum Roadbook, huet net gefeelt an hat natierlech ewéi ëmmer e perfekten Dossier zesummegestallt fir datt mir all séier de Wee fannen fir déi ronn 110 Kilometer zäitlech ze packen. Den éischten Auto huet sech dann och pünktlech um 9:45 Auer op de Wee gemaach fir no ongeféier 2 Stonne beim Restaurant unzekommen.


Hei hat de Programm virgesinn fir zwee wonnerschéi Muséeë kucken ze goen. Et ass ëmmer nees impressionant ze gesi wa Leit hir ganz Fräizäit opfere fir Traditioun a Geschicht fir ons Nokomme mat vill Léift ze erhalen. E spezielle Merci un déi engagéiert Persoune vum Musée “Calèches Grande- Duchesse Charlotte” a vum Musée “Rural et Artisanal”, déi ons déi al Kutschen an och d’ Handwierk
vu fréier an Erënnerung bruecht hunn.


An dunn mat grousse Schrëtt op den Apero, gestallt vun der Firma ROSSI an zerwéiert an der PROSECCO-Bar an awer och vum Marc Dahm deen sech an senger GIN-Bar mam SUPA SAYA aus eegener Fabrikatioun nach nom Iessen konnt entfalen an dobäi e grousse Succès genoss huet, heifir en décken Daum no uewen. D’ Iesse mat all senge Facettë war excellent, e spezielle Merci un déi ganz Ekipp vum Restaurant EDESIA, déi ons mat hirer häerzlecher Aart a Weis ewéi ëmmer delikat verwinnt huet an ons dobäi och nach, fir de Rescht vum Nomëtteg, hire Restaurant privatiséiert huet.


An harmonescher Atmosphär a bei fachlechem Austausch vu kompetente Spezialisten ass e ganz flotten Dag op en Enn gaangen, um 18:15 Auer hunn sech dann och déi lescht op den Heemwee gemaach.


E grousse MERCI och un d’ Team Fränzi Scharpantgen, Marc Olsem a Romain Hentgen, déi zesummen eng super Aarbecht geleescht hunn fir dës Sortie op d’ Been ze stellen.


Roger Moes